D'Westminister Abbey hat schonn e Freideg 99 Mol d'Klack laude gelooss.

E Samschdeg huet ganz Groussbritannien dem verstuerwene Prënz mat Kanouneschëss a Gedenkminutte geduecht. E Freideg koum jo déi traureg Nouvelle, dass de Mann vun der Queen Elizabeth II., de Prënz Philip, kuerz viru sengem 100. Gebuertsdag verscheet ass.

Déi brittesch Zeitungen hunn dem Verstuerwenen hir Titelsäite gewidmet, op der Chaîne BBC hunn den Trounfollger Prënz Charles, seng Schwëster Anne an d'Bridder Edward an Andrew Erënnerungen un hire Papp gedeelt. E Samschdeg hunn déi zwee méi jonk Bridder d'Queen am Schlass Windsor besicht.

Vun e Samschdeg de Mëtteg 12 Auer Lokalzäit u goufe wärend 40 Minutten 41 Kanouneschëss a verschiddene Stied lancéiert, dorënner London, Belfast, Edinburgh, Cardiff, déi brittesch Exklav Gibraltar, wéi och vun de Krichsschëffer vun der Royal Navy, op deenen hat de Prënz Philip am Zweete Weltkrich gedéngt.

D'Westminister Abbey, wou déi spéider Queen an de Prënz Philip 1947 bestuet goufen, hat e Freideg schonn 99 Mol seng Klack laude gelooss. Eemol fir all Liewensjoer vum Verstuerwenen.