Bei der däitscher Unioun annoncéiert sech e serréierte Match fir d'Kandidatur vum Kanzlerkandidat.

Souwuel den neien CDU-Chef Armin Laschet wéi och den CSU-Mann Markus Söder si jo lancéiert. E Méindeg berode béid Schwësterparteien eenzel iwwert dës heekel Fro.

D'CDU huet e Méindeg de Moie wësse gedoen, datt ee sech mat breeder Majoritéit hannert e Kanzlerkandidat Laschet stellt.

Aus der CSU héiert ee Stëmmen, déi fir de Markus Söder sinn.

Well d’Union awer just mat engem Spëtzekandidat wäert untrieden, waarden eis Nopere gespaant, wien dann den Zouschlag kritt.

Am leschte Politbarometer vum ZDF, hätten CDU/CSU op alle Fall ganzer 7%-Punkten u Wieler-Stëmme verluer. Si géife mat 28% awer weider stäerkste Kraaft bei eisen Nopere bleiwen.