An der franséischer Haaptstad sinn e Méindeg de Mëtteg virun engem Spidol Schëss gefall. Heibäi ass ee Mann ëm d'Liewe komm.

No de Schëss virum Henry-Dunant-Spidol am 16. Arrondissement ass den Täter op der Flucht, wéi "Le Parisien" mellt. Deen hätt sech op engem "Zwee-Rad" duerch d'Bascht gemaach, sou Aenzeien.

Ee Mann ass gestuerwen, eng Fra, eng Sécherheetsbeamtin am Spidol, gouf schwéier blesséiert.

Firwat d'Spidol, wat vum franséische Roude Kräiz geréiert gëtt, viséiert war, ass net gewosst. Et ass eng geriatresch Ariichtung, an där den  Ament Leit géint de Covid geimpft ginn.

D'Enquête leeft.

RTL