Gutt Nouvelle deemno fir d'Proprietären, mee schlecht Nouvelle fir d’Locatairen an der däitscher Haaptstad.

De sougenannten "Mietendeckel" zu Berlin ass net konform mat der Verfassung, sou d’Riichter vum Bundesverfassungsgeriicht. D’Mesure fir d’Hausse vun de Loyeren an der däitscher Haaptstad ze limitéieren, ass deemno annuléiert.