Den US-President Joe Biden hält weider u senger Iddi fest, e Sommet mat sengem russeschen Homolog Wladimir Putin z'organiséieren.

Dem President no wär et eng kruzial Renconter fir ze verhënneren, datt d'Situatioun weider eskaléiert, wéi en héijen US-amerikanesche Beamten um Donneschdeg sot.

Do virdrun haten d'Vereenegt Staaten eng Partie Sanktioune géint Russland decidéiert. Finanzieller Natur, ma et goufen och 10 russesch Diplomaten expulséiert. Dëst als Äntwert op eng enorm Cyberattack, déi wuel zu Moskau lancéiert gi war.