Dat muss zwar nach confirméiert ginn, ma där Aschätzung ass awer de Chef vum US-Pharmakonzern Pfizer, den Albert Bourla, an engem Interview mat CNBC.

Den Albert Bourla huet och den deiere Präis fir de Vaccin vu Pfizer verdeedegt: De Präis wier dee vun enger Moolzecht, woubäi de Vaccin géing Liewe retten an et erlaben, datt d’Ekonomie erëm leeft.

Weider kéint et sinn, datt een all Joer eng weider Impfung muss kréien.