Déi sougenannten "Tridacna gigas" kënne bis zu 1,3 Meter grouss a bis zu 250 Kilo schwéier ginn.

Nach ni goufen esou vill Muschele vun där Zort saiséiert. Ganzer 200 Tonne vun dëse raren Exemplaren huet d'Garde-côte fonnt. 4 Verdächteger goufe bei enger Razzia op der Insel Sulusee festgeholl.

Mam Vol vun de risege Muschelen aus hirem natierleche Liewensraum géing een den Ökosystem vum Mier beschiedegen, sou de Spriecher vum Rot fir nohalteg Entwécklung an der Regioun Palawan. Et wier e "generatiounsiwwergräifend Verbriechen".

Wie menacéiert Aarten op de Philippinnen ëmbréngt, ka mat enger Prisongsstrof vu bis zu 12 Joer rechnen an enger Geldstrof an Héicht vun iwwer 17.000 Euro.