De fréieren italieneschen Inneminister Matteo Salvini muss sech wéinst sengem Ëmgang mat Refugiéen am Joer 2019 viru Geriicht veräntwerten.

Dat huet elo e Riichter op Sizilien entscheet. De Grond dofir ass, dass de Chef vun der Lega-Partei sech geweigert hat e spuenescht Rettungsschëff mat Flüchtlingen u Bord an engem italieneschen Hafen uleeën ze loossen.

Dem Salvini gëtt dowéinst Amtsmëssbrauch a "privation de liberté" virgeworf.