Dem Alexej Nawalny säi Gesondheetszoustand gëtt am Prisong ëmmer méi schlecht an et kéint souguer zu engem Häerzstëllstand kommen.

Dat hu seng perséinlech Doktesch a weider Spezialisten an engem oppene Bréif geschriwwen. Si fuerdere vun den Autoritéiten aus dem Prisong, dass de Nawalny soll kënne behandelt ginn.

Wéinst sengen niddrege Kalium-Wäerter kéint de Prisonéier "all Ament", wéi d'Doktere schreiwen, eescht Häerzrhythmusproblemer kréien.

Mam Hongerstreik wëll den 44 Joer alen Oppositiounspolitiker Nawalny erreechen, dass hien eng richteg medezinesch Versuergung an engem Spidol kritt.

Als Reaktioun hunn d'USA der russescher Regierung mat Konsequenze gedreet, am Fall vum Doud vum Kreml-Kritiker. Et géinge verschidde méiglech Moossname ginn, huet den nationale Sécherheetsberoder vum President Biden, den Jake Sullivan, e Sonndeg gewarnt.

Nieft den USA koumen och Reaktiounen aus Däitschland a Frankräich. D'Ministere Maas a Le Drian hu sech besuergt gewisen an eng "adequat medezinesch Behandlung" gefuerdert. Dat beriichten d'Bild-Zeitung a France 3.