Vertrieder vun der Press hu sech beschwéiert, dass d'Police si wärend de leschte Protester un hirer Aarbecht gehënnert hätt.

Protester zu Brooklyn Center ginn nom Doud vum Afro-Amerikaner Daunte Wright weider. En 20 Joer ale Mann gouf vun enger wäisser Polizistin erschoss, déi eegenen Aussoe no, hir Waff mat engem Elektroschocker verwiesselt hat. Si hat no der Dot och hire Récktrëtt aus der Police erkläert.

D'Police war deelweis brutal géint d'Protester virgaangen, um Freideg goufen eng honnert Leit festgeholl.

E Samschdeg den Owend sinn d'Beamten hannert dem Ofspärgitter bliwwen.

Vertrieder vun der Press hu sech dann och beschwéiert, dass d'Police si wärend de leschte Protester un hirer Aarbecht gehënnert hätt.

Obwuel d'Journalistinnen an d'Journalisten däitlech ze erkenne waren, hunn Policebeamte Pefferspray géint si agesat.

Ausserdeem kruten d'Journaliste verbueden, sech do opzehalen, wou d'Beamten eng Partie Demonstrante festgeholl hunn. Dobäi kënnt, dass d'Police d'Journalisten oder hire Badge fotograféiert hat, fir ze dokumentéieren, wien vun der Plaz beriicht.

D'Police-Autoritéite vu Minnesota hunn no dëse Virwërf matgedeelt, "d'Rechter vun de Medien an d'Informatiounen iwwer d'Protester" wëllen ze respektéieren.

Si géingen dann elo och ophalen, d'Journalistekaarten oder d'Persoune selwer ze fotograféieren.