Et sinn déi zweet Presidentiellen zënter de Biergerkrich virun 10 Joer a Syrien ugefaangen huet.

Et kann een elo schonn dovunner ausgoen, datt den aktuelle President Bashar al-Assad confirméiert gëtt, och wann hie seng Kandidatur bis elo nach net annoncéiert huet.

Den Assad steet zënter dem Doud vu sengem Papp am Joer 2000 un der Spëtzt vu Syrien. Dräi Joer nom Ufank vum Krich hat hien 2014 am Ganzen 88 Prozent vun de Stëmme kritt.

An de leschten 10 Joer hu bal 400.000 Mënschen hiert Liewen am Krich verluer, d'Hallschent vun der Bevëlkerung gouf verdriwwen.