D'Maschinn, déi an der Haaptstad Kairo fortgefuer ass, ass no enge 40 Kilometer entgleist.

Enquêteure goufen op d'Plaz geschéckt, fir d'Ursaach vum Accident ze klären. Et heescht, de Maschinist an aner Responsabeler vun der Bunn wiere festgeholl ginn, fir befrot ze ginn.

Haaptgrond fir Zuchaccidenter sinn an Ägypten Problemer mat den Infrastrukturen oder Maintenancen, déi guer net, respektiv net éierbar gemaach ginn.

Eréischt virun e puer Deeg ass en Zuch zu Minja entgleist, wou 15 Persoune verwonnt goufen. 2 Woche virdru krute sech 2 Zich an der Géigend vun Assiut ze paken. Hei koumen 32 Persounen ëm d'Liewen, ronn 180 goufe blesséiert.

De Parquet huet dono behaapt, datt weder de Maschinist nach säin Assistent zum Zäitpunkt vum Ongléck op hirem Poste waren.