Zu Kapstadt kämpfen iwwer 120 Pompjeeë géint e Groussbrand vum berüümten Tafelberg. Grouss Fläche goufe schonns zerstéiert.

Honnerte Studente vun der Universitéit hu missen evakuéiert ginn. Méiglecherweis ass d'Feier duerch eng Persoun ausgeléist ginn.

Den Hang iwwer dem Staddeel "Newlands" stoung e Sonndeg a Flamen. De beléifte "Rhodes Memorial"-Restaurant gouf zerstéiert duerch de Brand an d'Flamen hu sech weider a Richtung Uni ausgebreet.

Méi wéi 120 Pompjeeën a 5 Helikopteren hu stonnelaang géint d'Feier gekämpft. 2 vun de Pompjeeë si wärend dem Asaz blesséiert ginn.

Um Terrain vun der Universitéit goufen direkt e puer Gebaier zerstéiert, dorënner och eng Bibliothéik mat raren an historesche Bicher. Weider huet och déi eelste Wandmille vu Südafrika gebrannt.

Wéi d'Rettungsdéngschter mellen, wier d'Feier e Sonndeg de Moien ausgebrach. D'Ursaach vum Brand kéint wuel e Lagerfeier vun engem Sans-abris sinn.

RTL

© AFP