De Kremlkritiker Alexej Nawalny ass an e Spidol fir Prisonéier verluecht ginn, wéi déi zoustänneg Autoritéite matgedeelt hunn.

De Gesondheetszoustand vum Oppositionelle gëtt als "zefriddestellend" bezeechent. Den Nawalny ass schonns zanter méi wéi zwou Wochen am Hongerstreik, fir e Besuch beim Dokter z'erzwéngen.

Dokteren haten déi lescht Deeg gefaart, datt hien en Häerzstëllstand kéint kréien.

Och international hat de Gesondheetszoustand vum Putin-Géigner Suerge gemaach a fir Kritik gesuergt. 
D'USA hate souguer mat Konsequenze gedreet, wann den Nawalny géif stierwen.