Et ass déi éischte Kéier, datt esou ee Manöver op engem anere Planéit duerchgefouert gouf, huet d'Nasa matgedeelt.

De klengen Helikopter war Mëtt Februar u Bord vum Mars-Rover "Perseverance" um roude Planéit gelant. U sech war den éischte Fluch scho viru Woche geplangt gewiescht, ma well et Indicen op technesch Problemer gouf, gouf dëse verréckelt.

D'Fléien um Mars gëllt als schwiereg. Zwar gëtt et um Mars just eng geréng Gravitatioun, mä duerch déi dënn Atmosphär ass d'Ofhiewe vun engem Helikopter däitlech méi schwéier wéi op der Äerd.