De Kreml-Kritiker Nawalny kritt net déi néideg medezinesch Versuergung, dat bekloe seng Affekoten.

Den Nawalny ass an engem Prisongsspidol. Hien ass gesondheetlech schwéier ugeschloen. Hie wär ganz schwaach a kéint kaum sëtzen oder schwätzen, sot seng Affekotin, nodeems si hie besicht huet.

Si fuerdert, datt den Nawalny an en "zivilt Spidol" verluecht gëtt. Zanter 3 Wochen ass hien am Hongerstreik.