En Dënschdeg den Owend eiser Zäit ass an den USA en Urteel gefall, wat vu ville Leit erwaart gouf.

Den Ex-Polizist Derek Chauvin gouf wéinst Mord vum zweete Grad vun engem Geriicht am US-Bundesstaat Minnesota schëlleg gesprach. D'Jury hat d'Schold vum Ex-Polizist um Dout vum George Floyd als Erwise gesinn.

Den Derek Chauvin gouf an allen Uklopunkten schëlleg gesprach. Hie gouf wéinst Mord vum zweete Grad, Mord vum drëtte Grad an Doudschlag vum zweete Grad schëlleg geschwat. D'Strof gëtt zu engem spéideren Zäitpunkt festgeluecht.

De 25. Mee dat lescht Joer war den George Floyd gestuerwen, nodeem Polizisten hie verhaft haten, well hie verdächtegt gouf, mat engem falschen 20 Dollar Schäin bezuelt ze hunn. Minuttelaang hat den deemolege Polizist Derek Chauvin säi Knéi an d'Genéck vum 46 Joer alen Afroamerikaner gedréckt. Deen war doropshi schwaach gefall a war kuerz drop gestuerwen, dat hat eng Autopsie erginn. Op Mord vum zweete Grad, awer ouni Virsaz, stinn am Bundesstaat Minnesota bis zu 40 Joer Prisong. Fir Mord vum drëtte Grad kéinten 25 Joer Prisong geschwat ginn, wéinst Doudschlag 10 Joer. De Chauvin hat op net schëlleg plädéiert.

Experte ginn awer dovunner aus, datt den Ex-Polizist, deen net virbestrooft ass, eng méi geréng Strof kéint kréien, wéi maximal méiglech wier. Hie gouf kuerz no dëser Dot aus dem Policedéngscht entlooss.

Den Doud vum George Floyd hat an den USA matten an der Pandemie eng vun de gréisste Protestwellen aus de leschte Joerzéngten ausgeléist.