Bis ewell ass nach net kloer, wisou de Reakter erofgefuer gouf, sécher ass, dass de Betrib elo mol agestallt gouf.

Wéi et an engem Artikel um belsche Site sudinfo.be heescht, gouf den Atomreakter "Tihange 2" onerwaart gestoppt. Dëst huet eng Porte-Parole vum Reakter-Bedreiwer "Engie" confirméiert.

Dëse Reakter steet tëscht Namur vu Léck, ronn 60-70 Kilometer vun der Lëtzebuerger Grenz ewech an huet eng Kraaft vun 1008 MW.

D'Grënn fir d'Eroffuere vum Reakter sinn nach net bekannt.