Eng 40 Staats-a Regierungscheffe beroden um Donneschdeg op Invitatioun vum US-President Joe Biden op engem virtuelle Sommet iwwert de Klimaschutz.

D'USA hu sech jo mam Demokrat nees de Paräisser Klimaschutzziler verflicht. Mat Spannung gi besonnesch déi nei amerikanesch Klimaziler erwaart.

RTL

D'EU hat kuerz virum Sommet sech drop gëeenegt, d'CO2-Emissiounen ëm op d'mannst 55% ze reduzéieren.

Nieft dem Joe Biden an de Spëtzeleit vun der EU wéi Michel a Von der Leyen, sinn och de russesche President Putin oder de chineesesche Staatspresident Xi Jinping mat derbäi.