D'Bomm gouf an engem Auto gezünt, dee viru Studentewunnengen stoung.

Bei enger Bommenattack am Afghanistan sinn der Regierung no op d'mannst 21 Mënschen ëmbruecht ginn. Donieft goufen 90 Persoune blesséiert. Eng Partie vun de Gebaier ronderëm d'Explosioun sinn zum Deel anenee gefall. Den afghanesche President Ghani mécht déi radikal-islamesch Taliban fir d'Attentat responsabel.

No bal 20 Joer Asaz huet e Samschdeg iwwerdeems offiziell d'Ofzéie vun internationalen Truppen am Afghanistan ugefaangen. Ronn 10.000 Zaldote vun der Nato sollen bis spéitstens den 11. September d'Land verlooss hunn.