D'Demonstrante ware gréisstendeels ouni Masken ënnerwee an hu sech net un d'Distanze gehalen, heescht et vun der Police.

Zu Montreal am Kanada sinn e Samschdeg ronn 30.000 Mënsche géint d'Corona-Restriktioune vun der Regierung op d'Stroosse gaangen.

D'Manifestanten hu sech géint d'Mesuren ausgeschwat a betount se wieren net gerechtfäerdegt. D'Demo ass friddlech verlaf.

Kanada huet bis ewell iwwer 1,2 Milliounen Infektiounsfäll verzeechent. Ronn 24.200 Mënsche sinn um Virus gestuerwen. Iwwer d'Hallschent dovun an de Provënzen Québec an Ontario.