Wéinst staarkem Wand hat de Réckfluch Verspéidung, ma e Sonndeg de Moien ass d'"Crew-1" vu SpaceX sécher am Golf vu Mexiko gelant.

No ronn sechs Méint u Bord vun der Internationaler Raumstatioun (ISS) si véier Astronaute sécher op der Äerd zeréck. Eng "Crew Dragon"-Kapsel vun der privater Raumfaartentreprise SpaceX ass an der Nuecht op e Sonndeg (Lokalzäit) am Golf vu Mexiko virun der Küst vu Florida sécher gelant, dat huet d'Nasa matgedeelt.

U Bord war d'"Crew-1" mat den US-Astronauten Michael Hopkins, Victor Glover a Shannon Walker souwéi hirem japanesche Kolleeg Soichi Noguchi. Dem Equipage geet et der Nasa no hutt. Schëffer goufen erausgeschéckt, fir d'Kapsel mat den Astronaute sécher u Land ze bréngen.

D'"Crew-1" war déi éischt, déi regulär mat dem "Crew Dragon" op d'ISS geflu war. Zanterhier gëllt déi privat Raumfaartentreprise SpaceX vum Elon Musk mat senge Rakéiten zu de beléiftsten Transportpartner vun der Nasa.