Am Viséier ware beispillsweis sougenannte russesch Troll-Fabricken.

Zu London hu sech e Méindeg d'Vertrieder vun de G7-Staaten fir hir 1. perséinlech Konferenz zanter 2 Joer gesinn.

D'Aussen- an Entwécklungsministere vun den USA, Groussbritannien, Kanada, Däitschland, Japan, Italien a Frankräich wëllen zesumme géint international Desinformatiounscampagnë virgoen.

Am Viséier vun der Konferenz ware beispillsweis sougenannte russesch Troll-Fabricken.

Groussbritannien hat e Samschdeg scho finanziell Mëttel fir de weltwäite Programm „ BBC World Service“ bereet gestallt. Ëmgerechent 9 Milliounen Euro sollen derzou bäidroen, Falschinformatiounen an eng feelerhaft Berichterstattung ze detektéieren, opzedecken, an deem entgéint ze wierken.