D'Noriichtenagence mellen doriwwer eraus eng 70 Blesséiert.

Déidlecht Ongléck zu Mexiko-City. Op d'mannst 20 Mënsche si gestuerwen, wéi eng Bréck an e Koup gefall ass.

Noriichtenagence mellen doriwwer eraus eng 70 Blesséiert. Och ënnert der Bréck waren Autoen ënnerwee. D'Buergermeeschteg Claudia Sheinbaum huet betount, dass ganz vill Leit a Spideeler ageliwwert goufen.

Videoe weisen, dass d'Bréck zesummegefall ass, wéi grad e Metro iwwert se gefuer ass, op d'mannst 1 Waggon ass dobäi op d'Strooss geflunn, op där sech zu deem Zäitpunkt e puer Mënsche befonnt hunn.

RTL

© Edgar Ambriz / Twitter

D'Rettungsekippe goufe gesinn, wéi dës Affer aus den Trëmmer bei der Olivos Station retten. Dës Aarbechten hunn awer missten ënnerbrach ginn, well de Zuch, dee vun der Bréck hänkt, deels ze instabil wier. Soubal e Kran op der Plaz wier, géifen d'Aarbechte viru goen.