Den Affekot vum Polizist huet eng Demande gestallt, dass de Prozess nei opgerullt gëtt, well d’Geriicht an de Parquet sech falsch verhalen hätten.

An den USA steet eng Nei-Oplag vum Geriichtsprozess géint de Polizist am Raum, deen den George Floyd ëmbruecht huet.

Enn Abrëll war hie vun enger Jury schëlleg gesprach ginn, ënnert anerem wéinst Mord vum 2. Grad. Dat kéint mat bis zu 40 Joer Prisong sanktionéiert ginn. Fir Mëtt Juni ass virgesinn, dass d’Riichter e Verdikt schwätzen.

Den Affekot vum Polizist huet awer eng Demande gestallt, dass de Prozess nei opgerullt gëtt, well d’Geriicht an de Parquet sech falsch verhalen hätten.