Den Olivier Dubois ass den 8. Abrëll zu Gao am Nordweste vum Mali entféiert ginn, e Mëttwoch ass elo e Video op de soziale Medien opgedaucht.

Am Video gesäit een den Dubois, dee seet, hie wier vun der Terrorgrupp JNIM, déi Al-Kaida no steet, entféiert ginn. Hien huet en Appell gemaach u seng Famill, Kolleegen an d'Autoritéiten, sech fir seng Fräiloossung anzesetzen. De Video konnt allerdéngs net vun onofhängeger Säit verifizéiert ginn.

Den Dubois huet fir d'Zeitung "Le Point Afrique" geschafft. De franséischen Ausseministère huet confirméiert, datt de Journalist verschwonnen ass. Et stéing een a Kontakt mat senger Famill an den Autoritéiten am Mali.

Mali ass zanter engem Putsch 2012 politesch instabil. En islamisteschen Opstand gouf mat Hëllef vu franséischen Truppen zeréckgeschloen, nawell si weiderhin Extremisten aktiv.