An der Géigend vu Bordeaux koum et zu enger grausamer Dot, bei där eng Persoun gestuerwen ass.

E 44 Joer ale Mann huet senger 31 Joer aler Partnerin an d'Bee geschoss a si duerno a Brand gestach, wéi si nach um Liewe war. Dat deelt d'Police e Mëttwoch mat. D'Fra ass op oppener Strooss an engem Wunnquartier zu Mérignac verscheet.

Wéi lokal Medie schreiwen, hätt d'Police de Mann kuerz nom Virfall festgeholl. De Parquet ermëttelt elo wéinst virsätzlechem Mord. Der Procureur Frédérique Porterie no wier den Täter der Police scho wéinst fréieren Delikter bekannt gewiescht. Am Joer 2000 gouf hien zu enger Prisongsstrof vun 18 Méint verurteelt.

Den Doud vun der 31 Joer aler Fra huet zu Mérignac fir vill Opreegung gesuergt. Si hannerléisst 3 Kanner am Alter vun 3, 7 an 11 Joer. Si waren zum Zäitpunkt vun der Dot net Doheem, huet d'Police matgedeelt, a misste psychologesch betreit ginn.