Den Internationale Strofgeriichtshaff zu Den Haag huet den Dominic Ongwen vun der ugandescher LRA-Miliz zu enger laanger Prisongsstrof verurteelt.

Wéinst Krichsverbriechen a Verbrieche géint d'Mënschlechkeet géint fréier Kannerzaldote krut den Ex-Rebellechef 25 Joer Prisong. Den Dominic Ongwen ass vun de Riichter an 61 Punkten, dorënner Mord, Vergewaltegung, sexuell Versklavung a Rekrutéierung vu Kannerzaldoten schëlleg gesprach ginn.

Déi chrëschtlech-fundamental LRA gouf viurn 3 Joerzéngte vum selwer ernannte Prophet Joseph Kony gegrënnt ginn. Der Uno no huet d'Miliz iwwer 100.000 Mënschen ëmbruecht a ronn 60.000 Kanner entfouert. De Kony ass bis haut op der Flucht.