D'Bundeskanzlerin Angela Merkel huet an deem Kader den Affer vun der NS-Zäit geduecht.

Et wier hir Verantwortung, d'Erënnerung un déi Millioune Leit oprecht z'erhalen, déi an der Zäit, wou d'Nationalsozialisten un der Muecht waren, hiert Liewe verluer hunn, schreift de Regierungsspriecher Steffen Seibert op Twitter.

Och den däitschen Ausseminister huet deene Merci gesot, déi "hiert Liewe riskéiert a milliounefach geaffert hunn, fir d'Welt vum Faschismus ze befreien." Den Heiko Maas huet iwwerdeems drop verwisen, dass et och haut nach Faschismus an der Welt gëtt.