Dëst ass déi éischte Kéier, dass een dem Mini-Helikopter bei senger Aarbecht um Roude Planéit nolauschtere kann.

Gutt héiere mécht een den Helikopter allerdéngs net, well d'Geräischer aus 80 Meter Distanz opgeholl goufen an déi dënn Atmosphär an de Wand d'Geräischer iwwertéinen. An awer ass dës Opnam e grousse Succès, eng "Goldminn fir d'Verständnis vun der Mars-Atmosphär", ënnersträicht de Wëssenschaftler David Mimoun.

Do virdrun hat d'Nasa schonn en Audio vun der "Ingenuity"-Landung um Roude Planéit verëffentlecht. Am Februar ass de Rover "Perseverance" mam Helikopter u Bord no 203 Deeg a 472 Millioune Kilometer um Mars gelant.

De Käschtepunkt vun der Entwécklung a vum Bau vum Rover läit bei 2,2 Milliarden Euro. 8 Joer laang gouf un der "Perseverance" geschafft a gefeilt. Den 1,8 Kilo schwéieren Apparat "Ingenuity" huet iwwerdeems 85 Milliounen Dollar an der Hierstellung an Entwécklung kascht. Zil vun der Missioun ass et, d'Klima an d'Geologie um Mars ze erfuerschen.