Keng absolut Majoritéit, mä dofir awer eng kloer Victoire fir déi schottesch Nationalpartei SNP vun der Regierungscheffin Nicola Sturgeon.

Dat ass d'Resultat no den Parlamentswalen a Schottland leschten Donneschdeg. Domadder kënnt nees frësche Wand an d'Debatt ronderëm d'Onofhängegkeet vu Schottland.

Déi Schottesch Nationalpartei krut 64 Sëtz am Parlament, mat 65 Sëtz hätte se déi absolut Majoritéit gehat. 8 Mandater goungen awer un déi Gréng, déi sech och fir d'Onofhängegkeet vu Schottland asetzen.

De brittesche Premier Johnson ass géint een neie Referendum. 2014 wär d'Onofhängegkeetsfro mat engem Referendum gekläert ginn. Ma duerch dëst Wal-Resultat ass den Drock op den Johnson grouss. D'Walbedeelegung war nämlech mat 63 Prozent sou héich wéi nach ni.

Déi Schottesch Nationalpartei kontert, mam Brexit hätt sech d'Ausgangslag verännert an dofir wëll d'SNP bis Enn 2023 e Referendum organiséieren.