An Däitschland soll de Buergermeeschter vun Tübingen, de Boris Palmer, aus senger Partei gepucht ginn.

Eng grouss Majoritéit huet um Kongress vun deene Gréngen fir en Ausschlussverfahren gestëmmt, si reprochéieren him rassistesch Aussoen.

Et geet ëm Saachen, déi de Palmer op Facebook iwwert de fréiere Futtball-Nationalspiller Dennis Aogo geschriwwen huet. Den Tübinger Buergermeeschter huet hei ënnert anerem d'N-Wuert benotzt.

D'Kanzlerkandidatin vun de Gréngen, d'Annalena Baerbock huet d'Aussoe "rassistesch a rëffeg" genannt.