An der afghanescher Haaptstad Kabul gouf et eng Explosioun virun enger Schoul, bei där 33 Mënsche gestuerwe sinn.

Iwwer Leit goufe blesséiert. Ënnert den Affer wieren och Schüler, sou den afghaneschen Inneministère. 
Den amerikaneschen Ausseministère verurteelt dës Attack als „barbaresch" a fuerdert een Enn vun der Gewalt an de sënnlosen Attacken op onschëlleg Zivilisten.

Zanter dass sech déi international Truppen aus dem Hindukusch zeréckzéien, kënnt et ëmmer nees zu Attacken. D'Taliban gi massiv géint d'Militär an d'Regierung vir.