D'Waffen, déi aus Russland a China stamen, wieren an internationale Gewässer séchergestallt ginn, heescht et vun der Flott.

Bei enger Routine-Kontroll sinn d'Zaldoten op eng grouss Unzuel u Waffe gestouss. Um Seegelschëff goufen e puer Dose russesch Panzer-Ofwier-Rakéiten, dausende chineesesch Stuermgewierer, honnerte vu "Granatwerfer", Maschinnegewierer a "Sniper Rifles" entdeckt.

Den Ament gëtt ënnersicht, vu wou genau dës Waffe kommen a wouhi se sollte geliwwert ginn. Wéi et vun der US-Marinn heescht, hätt een d'Besatzung nees fräigelooss.

D'Marinn patrulléiert reegelméisseg an där Regioun, fir, hiren Informatiounen no, den Transport vun illegale Liwwerungen ze ënnerbannen, déi dacks a Verbindung mat kriminellen oder terroristeschen Aktivitéite stinn.