Knapp 5 Méint virun de Walen huet d’SPD op engem Online-Kongress hire Walprogramm gestëmmt an den Olaf Scholz als Kanzlerkandidat confirméiert.

Hie géing fir d’Mandat vum Bundeskanzler kandidéieren, well hie sécher wier, dass hien dat kann, esou den aktuelle Finanzminister. Hie wéilt un der Spëtzt vun enger "breeder Allianz fir nei Progrèsen" stoen, ouni awer konkret Koalitiounsméiglechkeeten ze nennen.

D’Unioun wier verantwortlech fir e „Fortschrittsstau“, sou den Olaf Scholz, deen awer och déi Gréng kritiséiert huet. D’Sozialdemokraten hunn de Scholz mat 96 Prozent vun de Stëmmen nominéiert.

An hirem Programm stellt d’SPD nieft der sozialer Gerechtegkeet de Klimaschutz an de Mëttelpunkt.