Scho nees gouf et eng déidlech Schosswaffen-Attack an den USA, bei där op d'mannst 5 Leit ëm d'Liewe komm sinn.

Am Bundesstaat Colorado huet en arméierte Mann op engem Camping ugefaangen, wärend enger Gebuertsdagsfeier ëm sech ze schéissen. Op d’mannst 5 Leit goufen déidlech getraff. Den Täter selwer hätt sech och d’Liewe geholl, heescht et vun der Police. Hie soll de Frënd vun enger Fra, déi ënnert den Affer ass, gewiescht sinn.

Sämtlech Kanner, déi och op der Party waren, hätt de Mann awer verschount.