Dat geplangte Klimaschutzgesetz, dat déi lescht Woch an éischter Liesung vum Parlament zu Paräis guttgeheescht gouf, geet de Leit net wäit genuch.

Deemno sollen zwar Kuerzstreckeflich mam Fliger verbuede ginn, Propositioune wéi e generellen, méi strengen Tempolimitt op den Autobunnen, gouf awer refuséiert. Dernieft fäerten d'Demonstranten, datt den annoncéierte Klima-Referendum awer net gemaach gëtt, well e vun der Oppositioun kéint blockéiert ginn.

Den Organisateuren no ware knapps 120.000 Fransousen op der Strooss.