28 Leit goufe blesséiert. Eréischt de Weekend ware eng 50 Leit bei Attentater ëm d'Liewe komm.

Ënnert den Affer waren an der Haaptsaach Schülerinnen, well eng Meederchersschoul viséiert war.

Déi afghanesch Regierung mécht d'Taliban responsabel. Dës soen awer, si hätten näischt mat den Attacken ze dinn.

Kuerz nom Attentat an der Nuecht op e Méindeg hunn d'Taliban iwwerdeems eng Wafferou fir 3 Deeg ugekënnegt. Dat zum Ofschloss vum muslimesche Faaschtemount Ramadan.