Am Tresor ware souwuel Dokumenter wéi och Boergeld. Dat Ganzt ass de Weekend iwwer am Krees Passau passéiert.

Déi Onéierlech waren agebrach, hu verschidde Büroen duerchsicht an eben den Tresor geklaut, huet d'Police matgedeelt, zwee aner Safe goufen opgebrach.

De schwéiere Safe vun iwwer 200 Kilogramm hu se aus dem Fënster ofgeseelt an e gouf mat engem Won oftransportéiert. De Schued, deen d'Abriecher ugeriicht hunn, läit am fënnefstellege Beräich.