Den Norde vun Israel ass an der Nuecht op en Dënschdeg op en Neits vu Rakéite getraff ginn, déi aus dem Libanon ofgeschoss goufen.

Dat israelescht Militär huet déi presuméiert Ofschossplazen doropshi bombardéiert, wéi och Ziler an der Gazasträif.

Den Uno-Weltsécherheetsrot kënnt en Dënschdeg nees beieneen an och d’EU-Ausseministere beroden an enger Videokonferenz iwwert de Konflikt a wéi ee méiglecherweis kéint hëllefen, dat Ganzt ze stoppen.

Israel mellt en Dënschdeg Rakéiteschëss aus dem Libanon, déi awer all op libaneseschem Buedem gelant wieren. Als Reaktioun huet déi israelesch Arméi mat Artillerie op d'Ugräifer geschoss. Och d'Gaza-Sträif stoung weider ënner Beschoss. Den Autoritéiten no wier dobäi den eenzege Corona-Test-Labo um Palestinensergebitt zerstéiert ginn. Och de Gesondheetsministère selwer wier getraff ginn.

Trotz internationalen Appeller, geet d'Gewalt tëscht Israel an der radikal-islamescher Hamas nach ëmmer weider. Bis ewell koumen doduerch och schonn iwwer 200 Mënschen ëm d'Liewen.