Duerch den Zyklon "Tauktae" ass e Schëff virun der indescher Küst, op der Héicht vu Mumbai, ënnergaangen.

Vun de knapp 280 Passagéier ginn der nach 127 vermësst. D'Sichaktioun mat Helikopteren a Schëffer leeft op Héichtouren.