Ee vun den héchsten Héichhaiser a China huet sech aus bis ewell nach ongekläerte Grënn beweegt.

Wéi lokal Medien mellen, hätt d'Gebai an der südlecher Metropol Shenzhen géint 13 Auer ugefaangen, sech hin an hier ze beweegen. Och a Videoe vun Aenzeien ass ze gesinn, wéi d'Héichhaus gewackelt huet a Leit ängschtlech fortgelaf sinn.

Mataarbechter vun de Katastropheschutz-Autoritéite goufen domat beoptraagt erauszefannen, wéi eng Ursaach dohannert stécht. Weibo no hätten Analysen erginn, dass et en Dënschdeg keen Äerdbiewe gouf.

Zanter 2000 steet dat ronn 300 Meter héicht Gebai an der 12-Milliounen-Awunner-Stad. Nieft enger Abberzuel Büroen ass och en Elektro-Buttek bannendran.

5 vun den héchsten Héichhaiser vun der Welt stinn a China, dorënner de Shanghai Tower mat ganzer 632 Meter. Dat héchsten op der Welt ass de Burj Khalifa mat 828 Meter.

Ëmmer nees falen a China Gebaier zesummen, well Sécherheetsvirschrëften net agehale goufen. Am Mee 2020 sinn 29 Persounen ëm d'Liewe komm, wéi e Quarantän-Hotel zu Quanzhou agestierzt ass.