Aarbechtswoche vu 55 Stonnen oder méi géif der UN no ëmmer méi e globale Problem ginn. Ëmmer méi dacks géif et hei zu Schléi an Häerzinfarkter kommen.

Eleng am Joer 2016 sinn der neier UN-Etüd no weltwäit ronn 745.000 Mënschen un engem Schlag oder Häerzproblemer gestuerwen, well se 55 Stonnen oder souguer méi an der Woch iwwert en Zäitraum geschafft hunn. Am Ganze sollen esou am Joer 2015 weltwäit ronn 23 Millioune gesond Liewensjoren verluere gaange sinn. Domadder ass ze vill Schaffen dee Facteur op der Aarbecht, deen am meeschte krank mécht, an net méi Verletzungen oder falsch Belaaschtungen.

Tëscht 2000 an 2016 sinn d'Häerzproblemer am Zesummenhang mat engem ze héijen Aarbechtspensum ëm 42% geklommen, bei de Schléi ass et e Plus vun 19%. Virun allem Leit tëscht 60 an 79 Joer waren heivunner am meeschte betraff.

Bal 5% vun der Weltpopulatioun schafft de Fuerscher no 55 Stonnen oder méi an der Woch. Betraff si virun allem d'Regiounen Ostasien, Südostasien an Indien, ma och Länner an Afrika an a Südamerika. Hei géifen et vill Leit ginn, déi keng gereegelt Aarbechtskontrakter hätten och keng festgeluechten Aarbechtskontrakter.

Am mannste belaascht wieren d'Leit an Nordamerika an an Europa, wou d'Protektioun vu Leit, déi schaffen, vill méi staark ass. Ma och hei kéint den Trend duerch Corona awer liicht klammen. Wärend der Pandemie wier d'Zuel vun den Aarbechtsstonnen hei ëm 10% geklommen. Virun allem wéinst dem Homeoffice, deen ëmmer méi genotzt gëtt, géifen d'Grenzen tëscht doheem an der Aarbecht verschwammen an am Schnëtt géif méi laang geschafft ginn.