Zu Seelze net wäit vun Hannover ass en Dënschdeg géint 15.30 Auer eng Bréck deels zesummegefall an huet ee Mënsch mat an den Doud gerappt.

Aus bis ewell nach ongekläerter Ursaach ass et bei den Aarbechten un enger neier Bréck zu engem tragesche Virfall komm.

Een Aarbechter ass schwéier blesséiert an d'Spidol komm. Een anere Mataarbechter ass ëm d'Liewe komm a gouf ënnert dem Potto ageklemmt.

E stole Potto mat engem Gewiicht vu 6 Tonnen ass ëmgefall an huet béid Aarbechter ze pake kritt, déi deen Ament an engem extrae Montage-Kuerf waren. Deen Deel war eréischt dat zweet Stéck, dat sollt agesat ginn. D'Stol-Konstruktioun sollt eng al hëlze Bréck tëscht Seelze an Hannover ersetzen, déi bei ville Foussgänger a Cycliste beléift ass.