Dës Mesure gëllt vun Hallefnuecht un an ass eng Reaktioun vun der EU op der erzwongener Tëschelandung vun enger Ryanair-Maschinn am Belarus.

Domadder sinn och keng Departen oder Landungen op Flughäfen aus EU-Staate méi méiglech. Déi belarussesch Airline Belavia huet bis ewell ronn 20 Stied an Europa ugeflunn, dorënner och Berlin oder Frankfurt.

Hannergrond fir dës Sanktiounen ass déi erzwonge Landung vun engem Ryanair-Fliger zu Minsk, wouropshin e regierungskritesche Blogger an seng Frëndin festgeholl goufen.