Wärend enger Visitt zu Tain-l'Hermitage wollt sech de President Macron un de Public riichten, do gouf et vun engem Onbekannten eng op de Bak.

Op engem Video, deen en Dënschdeg op de soziale Reseauen zirkuléiert, gesäit een de Macron bei eng Barrière trëppelen, wou e Grupp Mënschen hannendru steet.

An du goung et ganz séier.

Ee Mann huet de franséische President um Aarm ugehalen a mat där anerer Hand zougeschloen. D'Geräisch schwätzt fir sech. Kuerz virdrun huet den Onbekannten nach gejaut: "Montjoie Saint Denis!"an "A bas la macronie".

De Mann an eng weider Persoun goufen direkt nom Virfall festgeholl, de President a Sécherheet bruecht.

De presuméierten Täter ass den Ament nach ëmmer an Untersuchungshaft. De Mann vun 28 Joer riskéiert bis zu 3 Joer Prisong an eng Geldstrof vu 45.000 Euro. Hien war den Autoritéite bis ewell nach net bekannt an huet verschidde Personnagen aus dem rietsextreme Spektrum op de soziale Reseauen suivéiert. Bei engem zweete Verdächtegen, deen ënner Verdacht steet, alles gefilmt ze hunn, wiere Waffen an en Exemplaire vu "Mein Kampf" fonnt ginn, mellt BFMTV.