De Grond wier, dass d'Organisatioune géifen als "extremistesch" agestuuft ginn.

Domadder sinn dem Urteel vum Geriicht zu Moskau no den Alexej Nawalny a seng Unhänger vun de russesche Parlamentswalen am September ausgeschloss.

Kritiker schwätzen an deem Kontext och gäre vum "Anti-Nawalny-Gesetz", d'Urteel selwer wier och keng gréisser Iwwerraschung a wier politesch motivéiert.

Ënnert anerem goufen d'Anti-Korruptiounsstëftung FBK an déi regional Ekippe vum Nawalny als extremistesch aklasséiert ginn.