Hei huet hie Gespréicher mam brittesche Premier Boris Johnson. Aner Rendez-vousen déi nächst Deeg sinn de G7, den NATO-Sommet an den EU-USA Sommet.

Nächste Mëttwoch dann ass et den Ofschloss mat enger Entrevue mam russesche President Putin zu Genf.

Haaptuleies vun der Biden-Rees wier et, fir ze weisen, datt d'USA zu hiren europäeschen Alliéierte stinn.