An der südkoreanescher Stad Gwangju ass e Mëttwoch e Gebai, dat sollt ofgerappt ginn, onkontrolléiert agefall.

Ënnert den Iwwerreschter hunn d'Secouristen e Bus fonnt. Doranner souzen de Pompjeeën no 17 Persounen. 8 Passagéier goufe schwéier blesséiert. Op d'mannst 9 Leit si gestuerwen.

Wéi et zum Ongléck komme konnt, ass bis ewell nach net gewosst. Alleguerten d'Bauaarbechter konnten nach rechtzäiteg a Sécherheet bruecht ginn.