E Mëttwoch den Owend huet en Déierenasyl an Unterfranken aus bis ewell nach onbekannten Ursaache Feier gefaangen.

Wéi et vun der Police heescht, wieren 3 Hënn a méi wéi 100 Kazen de Flamen zum Affer gefall. Mënsche goufe keng blesséiert. En Deel vum Gebai ass komplett ofgebrannt.

Méi Detailer sinn den Ament net bekannt.